Der Oppositioun net präzis genuch, besonnesch Situatioun virun de Caféen
D'Oppositioun gesäit et als positiv un, dass d'Regierung eegen Ännerungsvirschléi um neie Covid-Gesetz a Betruecht zitt.
Dat sote virun allem d'Vertrieder vun der CSV a vun déi Lénk no der 1. Sëtzung en Dënschdeg de Moien, vun der Chamberkommissioun vun der Santé zu deem neien Text. Dobäi gëtt et fir d'Oppositioun awer natierlech nach Saachen ze verbesseren.
Fir d'Gesetz sou gutt ze maache wéi et geet, wéi de Sven Clement no der Reunioun betount huet, well de Risiko vun enger zweeter Well wär reell:
"Mir sinn, wa mer d'Zuele vun den Neiinfektiounen op 100.000 Awunner kucken, do si mer de Moment Zweet an der EU. Mir si Sechst um europäesche Kontinent. Dat soll engem schonn e bësse Suerge maachen. An deementspriechend nei Restriktiounen, jo am Sënn vun, datt mer et kloer maachen, datt et keng Ënnerscheeder méi ginn tëschent deem, wat an engem Restaurant geschitt an deem, wat bei engem doheem geschitt."
D'Leit misste sech un d'Consignen halen, fënnt den Deputéierte vun de Piraten, et sollt ee si awer net bestrofen, mä dozou encouragéieren, fir de richtege Wee anzeschloen. Am Stroosseverkéier wären och alt Rowdyen ënnerwee, dofir géif een d'Autofueren net verbidden.
De Claude Wiseler deelt d'Suerge vun der Regierung, wat Abusen ugeet. Dem neien Text géif et nach u Prezisioun feelen, woumat dee schwéier z'applizéiere wär. Den CSV-Vertrieder huet dëst Beispill genannt:
"All déi Froen, déi waren, wa vill Leit net an de Caféen, mä baussent de Caféë stinn. Do ass probéiert gi vun der Regierung, fir elo e Service à table z'organiséieren. Dat geet awer net duer en fin de compte, well dat vermeit net d'Rassemblementer virun de Caféen an de Restauranten. Dofir si mer elo éischter hei an der Diskussioun, ob eng Zort Consomation, déi obligatoresch à table ass."
D'Verhale vun der gréisster Oppositiounspartei beim Vott géif vum definitive Gesetztext ofhänken, woubäi d'Zäit dränge géif.
Och de Marc Baum huet méi e koherenten Text gefuerdert, obwuel Saachen, déi seng Partei monéiert hätt, verbessert goufen:
"D'Regierung huet schonn elo an hirer Propositioun, hat se am Ufank drastoen, datt e Service à table muss garantéiert gi vum Bistrotier an domat huet de Restaurateur d'Responsabilitéit kritt. A mir hu laang driwwer diskutéiert, an et ass effektiv zeréckbehale ginn, well dat och net sënnvoll ass. Déi Responsabilitéit kann e Restaurateur iwwerhaapt net iwwerhuelen, well hie gëtt da quasi selwer zu enger Zort Police, deen alles iwwerpréiwe muss."
Den Deputéierte vun déi Lénk huet gemengt, dass héich Infektiounszuelen nom Deconfinement z'erwaarde waren, déi misste seriö geholl ginn, och wann een dowéinst net a Panik verfale sollt.
Fir de President vun der Gesondheetskommissioun vun der Chamber kann e Mëttwoch schonn eng nächst Reunioun zum neie Covid-Gesetz sinn, wann dann Amendementer zum Text virleien. Virun allem géif et awer vum Staatsrot sengem Avis ofhänken, wéi séier ee weider zesumme kënnt, sot de Mars Di Bartolomeo:
"Hei si mer jo wierklech gefuerdert ginn, well, obwuel de Gros vun de Leit de Message verstanen hunn a sech ganz responsabel verhalen. Eng Rei vu Leit, d'Ëffnung als Fräibréif fir Halligalli ze maachen, verstanen hunn an doduerch och direkt d'Rechnung presentéiert kritt hunn, doduerch dass d'Infektiounszuelen erëm no uewe geschnellt sinn."
Dat wär virun allem do geschitt, wou vill Leit zesummekomm wären a vergiess hätten, sech an déi aner ze schützen, sou den LSAP-Deputéierten. Fir deen een dowéinst am private Raum agräife muss, au contraire dozou, wéi de Staatsrot dat gesinn hat. Absënns, riseg Versammlunge ronderëm Bistroe wären net erwënscht.
Den LSAP-Deputéierten ass iwwerdeem och Rapporteur vum neien Covid-Gesetz.
Fir absënns och ze sanktionéieren, wat sech a Bistroen ofspillt, gëtt kloer festgehalen, datt nieft dem Proprietär vum Lokal DE Client responsabel ass, fir dat, wat hie mécht. Z.B .gëtt et e Protokoll, wann e Client net op senger Plaz setzt, mä am Bistro mat sengem Glas steet. Och gëllt weider d'Reegel, fir a Bistroen a Restauranten ze setzen; d'maximal Zuel vu Leit pro Dësch ass op 10 limitéiert.
D'neit Apres-Covid-Gesetz muss nach virum 24. Juli gestëmmt ginn, wann d'Gesetzer, déi nom nom Etat de crise gestëmmt goufen, oflafen. Gewaart gëtt lo natierlech op déi eenzel Avisen absënns dee vum Staatsrot.